LU
chevron_left
🥉Bronze fir Schëtter🥉
26 April

🥉Bronze fir Schëtter🥉

🦾De Cycle 3.1 A iwwerzeegt op der YEP Schoulfoire🦾


De Cycle 3.1 huet dëst Joer bei der éischter Editioun vun der Dash Live Challenge matgema. Hei geet et drëm, den Dash-Roboter duerch Codéiere verschidden Aufgaben erfëllen ze loossen. Nodeems si sech am Virfeld schonn fir déi grouss Final qualifizéiert hunn, konnten d’Kanner aus der Klass 3.1 A sech haut op der YEP Schoulfoire  ënnert de beschte 6 Equippen d’Bronzemedail sécheren. Si hunn net nëmmen immens gutt Programmer fir den Dash geschriwwen, mee si hu virun allem duerch eng gutt Organisatioun an e staarken Team-Geescht geglänzt!

Mir wëllen op dëser Plaz all de Kanner an den Eltere Merci soen, déi d’Klass ënnerstëtze komm sinn!


Och den Organisateure wëlle mir felicitéiere fir eng gelongen éischten Editioun.