D'Cyclen 1 an 2.2 vu Minsbech hunn d'Fréijoer agelaut!
Zesumme mam Yannice Faber vun der Musekschoul vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) hunn d'Kanner kuerz virun der Vakanz en Ouschterconcert organiséiert. Si hunn dobäi Lidder zum Thema Ouschteren a Fréijoer gesong, déi si ënner anerem duerch Body Percussion a Boomwhackers begleet hunn.
Iwwert dat ganzt 2 Trimester hunn si net nëmme fir de Concert geüübt, mee och vill aner rhythmesch Übunge gema a Lidder gesong.
Hei kënnt dir den Optrëtter vum Cycle 2 lauschteren:
Mir wëllen dem Yannice Faber villmools Merci soe fir d'Organisatioun a seng häerzlech Aart a Weis fir mat de Kanner ze schaffen.