LU
chevron_leftzréck op Publikatiounen
05 Februar

Liesung vum Rüdiger Bertram

"Gute Geschichten - nicht mehr, nicht weniger..."


Sou beschreift de Rüdiger Bertram seng Bicher selwer an dovu konnten sech d'Kanner aus de Cycle 2,3 a 4 haut selwer iwwerzeegen.

An eiser Schoulbibliothéik sti vill Geschichte vum däitschen Autor an zu Mënsbech huet hien 3 dovu virgestallt.


De Cycle 2 ass an d'Welt vun de Superhelden agetaucht mam Buch "Eine Klasse voller SUPERHELDEN"


Och de Cycle 3 huet esou een Held kennegeléiert am Buch "Bookmän"


Duerch d'Buch "Plötzlich 1 Million Follower" hunn d'Kanner aus dem Cycle 4 misse feststellen, dass et net nëmme Virdeeler huet, en Internetstar ze sinn.


De Rüdiger Bertram huet de Kanner net nëmme virgelies, mee hinnen och seng Passioun fir d'Geschichte schreiwe méi no bruet.


Mir soen him villmools Merci fir säi Besuch.