Iwwer dräi Deeg haten d’Schüler vum Cycle 4.2 d’Geleeënheet, un Démocracity deelzehuelen, engem spillereschen a pedagogeschen Atelier, deen hinnen d’Funktioun vun der Demokratie méi no bruecht huet. Duerch dës kollaborativ Übung hunn d’Schüler geléiert, eng ideal Stad ze bauen, dobäi Wäerter, Besoinen a Kompromësser an enger equilibréierter Gesellschaft ze berücksichtegen.