FuDo heescht ofgekierzt „Fuerschen Dobaussen“ a bedeit näischt aneres ewéi de Virwëtz vun de Kanner ze notze fir eis Natur an Ëmwelt ronderëm eis mat alle Sënner ze entdecken an ze erfuerschen.
Hei zu Schëtter hu mir an de leschte Jore villes ëmgesat, wéi z.B. en Newsletter fir all Saison. D'Editioun Hierscht-Wanter fannt dir am Unhang. Hei fënnt een Iddie fir an der Schoul oder fir doheem fir mat de Kanner erauszegoen an ze fuerschen oder einfach eng Outdooraktivitéit ze maachen.
Mir inspiréieren eis och um Site vum www.fudo.lu an hëllefen och mol fir Aktivitéite fir eis Schoul auszeschaffen. Eisen C1 huet an deem Kader gehollef de Programm vun de SciDos virzestellen. D'Videoen dovu fannt dir op www.scidos.lu
D’Kanner vum C1 bis C4 hunn am Juni 2024 de Schoulminister empfaangen, fir him ze weise, wéi mir de FuDo-Programm an eise Schoulalldag integréieren a wéi esou ee sougenannte FuDo-Wee kann ausgesinn.