LU
chevron_leftzréck op Publikatiounen
De Kleeschen war do!
29 November

De Kleeschen war do!

Mir hunn zwar fest mat hinne gerechent, an awer ware mir um Campus an der Dällt iwwerglécklech, wéi de Kleeschen an den Houseker bei eis ukomm sinn.


Moies hunn si den Tour duerch de Cycle 1 gema an si hunn Tuten un d'Kanner verdeelt.


Den Optrëtt um 15:00 Auer, wéi och d'Kaffisstuff ware wéi all Joer immens gutt besicht a mir soen all de Leit Merci, dass si d'Kanner ënnerstëtze komm sinn.


De Cycle 4 huet wei all Joer mat vill Engagement de Niklosmaart op d’Bee gestallt an en enormen Erfolleg gefeiert. D’Kanner hu mat vill Freed hir Produkter ugebueden, an d’Keefer ware begeeschtert vun der flotter Auswiel. Den Erléis geet un d'Fondation Kannerschlass.


Mir wënschen dem Kleeschen an dem Houseker nach  vill Courage fir déi kommend Deeg a freeën eis schonn op dat nächst Joer.