LU
chevron_leftzréck op Publikatiounen
De Kleesche kënnt op Schëtter
29 November

De Kleesche kënnt op Schëtter

De Kleeschen an den Houseker hunn zwar am Dezember ëmmer e volle Programm, mee och dëst Joer hält dat si net dovun of, um Campus an der Dällt laanschtzekommen.


Um 15:00 Auer komme si an déi al Sportshal, wou d'Kanner aus de Cyclen 1, 2 an 3.1 hire groussen Optrëtt hunn. 


Ab 16:00 Auer invitéiert de Cycle 3.2 an d'Kaffisstuff am Centre Culturel.


Och de Niklosmaart gëtt nees vum Cycle 4 organiséiert. Ab 14:30 Auer ginn hei selwergemaachen Dekoratiounen a Schneekereie verkaf. Den Erléis ass fir e gudden Zweck.


D'Kanner an d'Léierpersonal freeë sech op Äre Besuch