Mir hunn den 20. November beim Weltkannerdag, dem weltwäiten Aktiounsdag vun der UNICEF fir Kanner, vu Kanner, matgemaach.
Op dësem Dag wëlle mir en Zeeche setzen an d‘Bedeitung vun de Kannerrechter betounen. D‘Faarf Blo steet symbolesch fir de Schutz an d‘Rechter vun de Kanner weltwäit.
An engem kuerze Video hu mir festgehal, wéi sämtlech Klassen aus de Cyclen 1-4 um Projet deelgeholl hunn.