Kuerz virun der Allerhellegen Vakanz hunn d’Schüler/-innen en Halloween-Buffet virbereet, dee mat Snacks a Gedrénks dekoréiert war.
Déi dekoréiert Dëscher hunn direkt all Blécker op sech gezunn an eng festlech Atmosphär geschaaft. D'Kanner hunn Halloween-Traditioune präsentéiert an hu selwer geschriwwen Horrorgeschichte virgelies, déi eng schaureg Stëmmung geschaf hunn. Zousätzlech hunn si mat Begeeschterung u spannende Gesellschaftsspiller deelgeholl, déi net nëmmen Ënnerhalung, mee och Teamgeescht a strategescht Denke gefërdert hunn.
D’Kombinatioun aus Leckereien, Geschichten a Spiller huet d'Halloween-Fest zu engem onvergiesslechen Erliefnis fir all Bedeelegter gemaach.