LU
chevron_leftzréck op Publikatiounen
Woch vun der Demokratie
22 Oktober

Woch vun der Demokratie

Am Kader vun der Woch vun der Demokratie huet de Cycle 4.2 den 22. Oktober 2024 d'Madame Reinsch vum Zentrum fir politesch Bildung häerzlech empfaangen.


D'Woch vun der Demokratie ass eng wäertvoll Geleeënheet, fir d'Grondprinzipien an déi immens Bedeitung vu demokratesche Prozesser an d'Bewosstsinn ze ruffen. An dësem Sënn haten d’Schülerinnen a Schüler d’Chance, an engem Interview méi déif Ablécker an d’Funktiounsweis an d’Bedeitung vun der Demokratie ze kréien.


Demokratie ass net selbstverständlech; si verlaangt Engagement, kritescht Denken an d’Bereetschaft, sech aktiv an gesellschaftlech Prozesser anzebréngen.


Mir wëllen der Madame Reinsch häerzlech Merci soe fir hiren Besuch.