Esou beschreift d'Tina Kemnitz hir Passioun fir d'Liesen a Bicher. Hir Visite um Campus an der Dällt steet zu Mënsbech scho säit Jore fest am Agenda. Si versteet et wéi keen anert, Kanner wéi Erwuessener fir d'Liesen ze begeeschteren.
An hirem Programm "Tolles Buch!" präsentéiert si 6 Bicher, liest doraus vir a mécht d'Nolauschterer domat immens virwëtzeg. D’Theme ware ganz ënnerschiddlech a fir all Goût a Liesniveau war eppes derbäi.
Des Bicher ginn et och an eiser Schoulbibliothéik auszeléinen an se sinn an all Bicherbuttik ze fannen.
Am Unhang sinn d'Lëschte mat de Bicher, déi dëst Joer virgestallt goufen.
Och am Cycle 4 huet d'Tina Kemnitz an hirer Virliesung verschidde Bicher virgestallt. Zwee Schülerinnen aus dem Zyklus 4.2 haten ausserdeem d‘Geleeënheet, en exklusiven Interview mat hir ze féieren a spannend Ablécker an hir Aarbecht ze kréien.
Mir soen dem Tina Kemnitz nees eng Kéier villmools Merci