Schëtter beweegt sech!
Den 28. Juni war nees eng méi lass um Campus an der Dällt. All d'Kanner vum Cycle 1 bis 4 hunn um Schoulsportdag deelgeholl. No engem gemeinsame Warm up stoung de ganzen Dag virun allem d'Freed un der Beweegung am Vierdergrond. Mir soe jidderengem Merci, deen en Atelier organiséiert a gehal huet:
- Léierpersonal aus der Schoul
- Veräiner aus der Gemeng an dem Emfeld (FC Munsbach, TC Schuttrange, Badminton Club Schuttrange, La Pétanque Schëtter, BBC Gréngewald Hueschtert, CIS Niederanven - Schuttrange)
- Schëtter Jugendhaus
- Sportskommissioun
- Elterevereenegung (Snack)
Wann Äert Kand Loscht kritt huet, mat enger neier Sportaart unzefänken, da fannt dir hei op der Säit e puer Links zu de Websäite vun de Veräiner.
Donieft fannt fir och e Video vun eisem Schoulsportdag!