De 26. Juli fält de Startschoss fir d'Olympesch Spiller zu Paräis. An deem Kontext war d'Anne Kremer zu Schëtter beim Cycle 4 op Besuch, fir vu sengen Erfarungen ze erzielen.
D'Kanner hu Froe preparéiert, déi si der fréierer Profi-Tennisspillerin, déi selwer 3 mol un den Olympesche Spiller deelgeholl huet, gestalt hunn. Dëst Joer dierf si des Weideren d'olympescht Feier iwwert eng kuerz Streck duerch Lëtzebuerg droen.
Mir soen der Madamm Kremer villmools Merci, dass si eis Kanner un hiren Erliefnisser deelhuele gelooss huet.