LU

PEP

Plang fir ausserschoulesch Betreiung

Daat groussherzoglecht Reglement vum 16. Mäerz 2012 gesäit d’Obligatioun fir all Gemeng vir, e Plang fir ausserschoulesch Betreiung (PEP) auszeschaffen, fir den Austausch an d’Zesummenaarbecht tëscht Maison Relais a Schoulen ze verstäerken.

De PEP ass e flexibelt Instrument, dat et erméiglecht op d'Diversitéit vun de Bedierfnesser vun de Gemengen ze reagéieren. Prioritäert Zil ass et den Dialog ze fërderen an op all Site d'Aktivitéite vun der Schoul an den Accueilstrukturen ze koordinéieren, mat Berücksichtegung vun hire jeeweileg spezifesche Missiounen.

D'Zesummenaarbecht bitt déi follgend Méiglechkeeten:

  1. reegelméissegen Austausch tëscht dem President vum Schoulcomité an de Responsabele fir d'Gestioun vun der Maison Relais
  2. Deelhuele vun engem Member vun der Maison Relais un de Cycle Consultatiounen
  3. Bedeelegung vum Personal vun der Maison Relais un Aktivitéiten, déi am Schoulkader organiséiert ginn
  4. Interventioun vum Léierpersonal bei Aktivitéiten ausserhalb vun de Schoulzäiten

Responsabel Leit fir d'Entwécklung an d'Iwwerwaachung vum PEP

Caroline Marx | Chefin vun der Direktioun / Maison Relais

Nathalie Hellers | Schoulmeeschtesch / Schoul

Andy Kiser | Schäffen / Gemeng